Podcast: Am Bistro mat der woxx #064 – Wéi sech Youth for Climate zu Lëtzebuerg entwéckelt huet

von | 20.09.2019

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mam Streik vun de Schüler*innen huet haut d‘Week for Future ugefaangen. Eng ganz Woch laang ginn et Aktiounen, fir op d‘Dringlechkeet, eppes géint Klimakris ze maachen, hinzeweisen. Dës Woch schwätzen de Luc Caregari an de Joël Adami doriwwer, wéi sech Youth for Climate zu Lëtzebuerg zanter Mäerz entwéckelt huet.

D’woxx-Journalist*innen diskutéieren, ob déi Radikaliséierung, déi stattfonnt huet, der Beweegung kéint am Wee stoen an op domadder ze rechnen ass, datt demnächst méi militant Demonstratiounen ze gesi wäerte sinn. Eng aner Fro, déi si beschwätzen, ass wéi d‘Politik op déi jonk Aktivist*inne reagéiert a wat dem Xavier Bettel seng Jughurtsmaschinn domadder ze dinn huet, wéi déi Jonk d‘Klimapolitik mëttlerweil gesinn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

Klima-Aktion zur „Rentrée“ am Sonntag

Das Klimakollektiv (Kliko) ist wieder aktiv: Nach einer rund einjährigen Pause rufen die Aktivist*innen zusammen mit „Move“, der Jugendorganisation des Mouvement écologique, zu einer satirischen Aktion auf. Pünktlich zur „Rentrée politique“ organisieren die beiden Gruppen am Sonntag dem 13. September „eine Art Tafelrunde“, um auf die Folgen...

NEWS

Wegen der Dürre: Flexiblere Regeln für Betriebe

Am vergangenen Mittwoch hat Landwirtschaftsministerin Martine Hansen (CSV) Entlastungen für landwirtschaftliche Betriebe angekündigt. Die anhaltende Dürre sei eine „außergewöhnliche Wetterbedingung“, so das Ministerium nach einem Treffen mit der Landwirtschaftskammer. Deshalb sollen nun flexiblere Regeln gelten, damit Landwirt*innen eine...