Am Bistro mat der woxx #257 – Wéieng Partei kann de Klima retten?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Kuerz virun de Wale kucke mir nach eng Kéier an d'Parteiprogrammer an huelen se dës Kéier ënnert d'Klima-Lupp. Och wa quasi all Partei d'Klimakris bekämpfe wëll, sou ginn et an den Approchen an an der Eeschthaftegkeet...









