Am Bistro mat der woxx #215 – Wat steet bei der Weltklimakonferenz COP27 um Spill?

von | 04.11.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Vum 6. bis den 18. November ass déi nächst Weltklimakonferenz, d’COP27 zu Scharm El-Scheich an Ägypten. Am Podcast erkläre mir, wat do zur Verhandlung steet a wat sinn déi grouss Theme wäerte sinn. No der grousser Dréchent am Summer, den Iwwerschwemmungen a Pakistan, Huricanes an den USA an elo nach Hëtzerekorder am Oktober kéint een am Fong kéint jo mengen, d’Klimakris wier Enn 2022 jidderengem bewosst genuch, fir datt d’COP een Erfolleg misst ginn. Et gesäit awer esou aus, wéi wann d’Thema Klima am Schied vun de geopolitesche Spannunge géif stoen. Mir diskutéieren, wat dat genee heescht a wat fir en Roll d’EU spille kann, wa China an d’USA sech streiden. Ee grousst Thema sinn och d’Suen, déi de Globale Süde vun den Industrielänner soll kréien, déi bis elo awer nach net ukomm sinn. Zum Schluss analyséiere mir, wat fir eng Roll d’Zivilgesellschaft an hir Protester zu Scharm El-Scheich spille kéinte – oder och net.

Links zu den Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Editorial Menschenrechte und Klimaschutz: Genau hinschauen!
Geopolitik des Klimas: Es geht um den Planeten!
COP27 und Gerechtigkeit: „Die Klimakrise ist eine Form des Kolonialismus“

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

FILMFILMTIPP/FLOP

LuxFilmFest: Seeds 

„Seeds“ von Brittany Shyne ist ein poetischer Dokumentarfilm über schwarze Farmerfamilien im Süden der USA. In eindringlichen Schwarzweißbildern beobachtet die Kamera den Alltag von Menschen, die trotz struktureller Diskriminierung an ihrem Land festhalten. Besonders berührend sind die kleinen, zärtlichen Momente: eine Großmutter, die mit...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...