All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Den 31. Oktober fänkt zu Glasgow d’Weltklimakonferenz un. D’Viraussetzunge sinn net immens gutt: D’Versprieche vun deene meeschte Länner ginn am Moment net duer, fir d’Äerderwiermung ënnert 1,5 Grad Celsius ze halen. Am Virfeld diskutéieren de Raymond Klein an de Joël Adami, wat déi grouss Theme sinn, déi op der COP26 wäerte beschwat ginn. Engersäits sinn dat d’Hëllefe fir aarm Länner, anerersäits den Emissiounshandel. D’woxx-Journaliste schwätzen awer och doriwwer, wisou de Methan-Budgeting een Hoffnungsschimmer kéint sinn a wisou d’Emissiounen elo séier mussen erof goen. mehr lesen / lire plus