Podcast: Am Bistro mat der woxx #038 – Weltfraekampfdag
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem oder zwee Artikelen. Dës Woch dréint sech passend zum 8. März am Podcast vun der woxx alles ronderëm de Weltfraekampfdag. D'Tessie Jakobs, d'Isabel Spigarelli an de Joël Adami schwätzen engersäits iwwert déi medial Konsequenze...















