Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #25 Kultur a Kommerz
Am Februar dréint sech "Um Canapé mat der woxx" alles em d´Geld: Wéi gëtt Kultur fir wirtschaftlech Zwecker genotzt? Wien wëlle Stied mat kulturelle Groussevents uschwätzen? A wéi nohalteg ass dat Ganzt? Richtung22 deelt hir Gedanke mat der woxx. D'Bedeelegung vum lëtzebuergesche Kultursecteur un der Weltexpo zu Dubai, d'Kulturjoer Esch2022 -...

















