Nationalismus: „Das Proletariat hat kein Vaterland“
Nationalismus ass op der politescher Landkaart net nëmme riets ze fannen. Och an der Gauche gëtt mat schwammege Konzepter vu kollektiver Identitéit jongléiert. Dobäi ass de Sozialismus vu sengem Prinzip hir internationalistesch.
Virun e puer Méint hat ech mam Justin Turpel, Ex-Deputéierte vun „Déi Lénk“, op Twitter e kuerzen Austausch zum Thema kollektiv Eegenaarten. Hien hat nämlech de 17. Oktober lescht Joer an enger Carte blanche op RTL am Kader vun enger Kritik un der EU Folgendes gesot: „A wat mech nach stéiert ass, datt all Effort fir lokal, national a regional Eegenaarten ze verdeedegen an ze stäerken – sief et d’Sprooch oder d’kulturellt Schafen – direkt als nationalistesch bzw. mehr lesen / lire plus