Kommunismus: Wien huet Angscht virum Leo Bronstein?
An den 1930er-Joren huet d’Ofwier virun de Flüchtligen aus Däitschland d’Lëtzebuerger Regierung beschäftegt. Mee et wor en Exilant aus der Sowjetunioun, deem seng Arees se ganz besonnesch wollt verhënneren.

Den Trotzki a Lëtzebuerg: eng Geschicht, déi ze schreiwe bleift. (Foto: Wikicommons)
Virun enger Zäit hunn ech mer am Kader vun menge Recherchen am Nationalarchiv Fonge vun der Friemepolice aus den 1930er-Joren ugekuckt. Beim Buchstaw B sinn ech op eemol op den Numm Bronstein gestouss. De Mann, ëm deen et goung, wor zwar apparemment guer net am Land, mee hat awer trotzdem d’Éier vun engem Dossier krut: De Léon Bronstein, alias Trotzki. mehr lesen / lire plus