Symbolpolitik: Vum Sockel gestierzt
Monumenter hu sou vill mat der Géigewaart wéi mat der Vergaangenheet ze dinn. Dat gesäit ee gutt um Beispill vum Kolonialismus.
Dëse Summer wor an den USA e Summer vun der Konfrontatioun. Nieft villen anere Streidereien tëscht dem President Trump an der US-amerikanescher Oppositioun goung et och ëm d’Ofrappe vu Monumenter fir Protagoniste vun der Sklaverei. D’Manifestatiounen, die schnell eskaléiert sinn, hu gewisen, wéi vill Konfliktstoff d’Sklaverei an de Rassismus, ob deem sengem Fundament se konnt opgebaut ginn, haut nach enthalen. mehr lesen / lire plus