Prager Fréijoer: En neie lénke Modell, eng Utopie?
Déi alternativ Beweegung aus den 1970er-Joren, déi sech an der Grënnung vun de Gréngen an de Lénken niddergeschloen huet, wor e Kand vun 1968.
„Natürlich ist das Land ein Ort des Wunderbaren“ – sou fängt der Irmtraud Morgner hire formidabele Roman „Leben und Abenteuer der Trobadora Beatriz nach Zeugnissen ihrer Spielfrau Laura“ un. [1] Et geet doran ëm eng Trobadora, also eng Dichterin a Liddersängerin, déi sech, well se déi “mëttelalterlech Welt vun de Männer” verloosse wëll, per Zäitrees aus dem 12. Joerhonnert an 1960er-Jore katapultéiert. De Roman, deen 1974 erschéngen ass, hat souwuel an der DDR wéi an der BRD vill Succès – wat net verhënnert huet, datt d’Schrëftstellerin och an der DDR zenséiert a vun der Stasi iwwerwaacht gouf. mehr lesen / lire plus