D’Walcampagne huet hir éischt Woch hannert sech. Wéi et sech bis elo zougedroen huet a virun allem wat mer nach kënnen erwaarde bis de 14. Oktober, doriwwer gëtt dëse Sonnden ab 11 Auer am RTL-Presseclub geschwat. Mir wäerten ënner anerem och iwwer d’Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Parteie beliichten anprobéieren eng Äntwert op d’Fro: „Kann d’Koalitioun dat nach eng Kéier maachen?“ ze fannen. Mat dobäi sinn: D’Dani Schumacher vum Wort, de Peter Feist vum Lëtzebuerger Land, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Luc Caregari vun der woxx.
Lauschtert also eran, dëse Sonndeg vun 11 bis 12 Auer. mehr lesen / lire plus