All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
An deene leschte Jore war Lëtzebuerg ëmmer op der drëtter Plaz, wat de Ranking vu LGBTIQ-Rechter an Europa ugeet. Dëst Joer huet sech dat geännert – dat heescht awer net onbedéngt, datt d’Situatioun vu queere Mënschen zu Lëtzebuerg sech verschlechtert huet. Wisou dat esou ass, erkläre mir am Podcast. Donieft schwätze mir allgemeng iwwert Situatioun an Europa, iwwert déi politesch Moossnamen, déi Lëtzebuerg nach misst ergräifen an d’Fro, ob et an dësem Beräich ze vill Aktivismus ka ginn.
Hei fannt dir de woxx-Artikel zum Thema. mehr lesen / lire plus