All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
De Genozid un den Tutsien am Ruanda gëtt dësen Abrëll 30 Joer al. D’woxx huet zu deem Ulass eng Artikelserie vu véier Artikelen zum Thema geplangt. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et dozou komm ass, a wisou de Fokus um Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda läit, deen als Hannermann vum Genozid gëllt. Ausserdeem geet et ëm d’Wuerzele vum Konflikt, déi enzwousch aneschters leien, wéi et dacks gezielt gëtt.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:
Génocide des Tutsi-es au Rwanda en 1994 (1/4) : Les racines du mal
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus