Am Bistro mat der woxx #293 – Wéi verännert d’kënschtlech Intelligenz d’Aarbechtswelt?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi verännert d’kënschtlech Intelligenz d’Aarbechtswelt?  Et gëtt am Moment vill orakelt, wat den Afloss vu sougenannter Kënschtlecher Intelligenz op d’Aarbechtswelt ugeet. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wat hie bei senger Recherche zum Thema erausfonnt huet. Hien huet ënner anerem mat Gewerkschafte geschwat, déi natierlech och hir Vue zu de Probleemer a Chancë vu ChatGPT a Co. hunn. Mir schwätzen dann awer och iwwer d’Fro, wien am Fong d’Verantwortung huet, wann ee Computer eng Decisioun trëfft a wéi vill bei KI Hype a wéi vill Substanz ass.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #292 – A wat geschitt elo a Frankräich?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Am Podcast erkläert de Fabien Grasser déi politesch Lag a Frankräich, no der iwwerraschender Victoire vum Nouveau Front populaire. Kann dat lénkt Parteiebündnis eng Regierung bilden? Wisou wëll de Macron net agesinn, datt seng Partei d’Walen net gewonnen huet? A wéi grouss ass d’Gefor vum rietsextremen RN?

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Élections législatives en France : La gauche se fera-t-elle voler sa victoire ?

 

 


De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #291 – Wat geschitt a Frankräich?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch geet et an eisem Podcast ëm déi franséisch Politik an déi lëtzebuergesch Ënnerstëtzung fir de Front Populaire. De Fabien Grasser an d’María Elorza Saralegui schwätzen doriwwer, wéi d’Walen d’läscht Woch ausgaange sinn, wéi se dëse Sonnden ausgoe wäerten a wat dat neit lénk Bündnis nach rappe kann. Riets geet awer och iwwert Fro, wisou esou vill Leit a Frankräich eng rietsextrem Partei wielen a wat de Präsident Macron am Fong wëlles hat, wou hien Neiwalen ausgeruff huet.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Élections législatives en France : L’union de la gauche au-delà des frontières

 

 


 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #290 – Wouhier kënnt déi vill Transfeindlechkeet?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Trans Mënschen hunn an de leschte Jore vill Haass erlieft. Dëst kënnt haaptsächlech vu Rietsextremisten, awer och aner politesch Beweegunge sinn ufälleg fir dës onmënschlech Ideologie. D’woxx huet e puer besonnesch heefeg Argumenter analyséiert, an am Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Argumenter et ginn, wisou se grad elo sou heefeg opkommen a wéi d’Parteien zu Lëtzebuerg sech positionéieren.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

LGBTIQA-Rechte: Transfeindlichkeit als Trend

 

 


 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #289 – Wéi den Asylsystem zu Lëtzebuerg versot

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Asylsystem generell an d’Dublin-Prozedur am spezielle verhënnert, datt Leit Asyl kréien, obwuel se an hirer Heemescht verfollegt ginn. No enger laanger Recherche weist d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui unhand vum Fall vun der Famill Sedova, wéi Leit aus Lëtzebuerg expulséiert ginn. Si kruten net genuch Zäit, fir hir Geschicht ze erzielen an haten dowéinst net déi geréngste Chance op Asyl. Mir schwätzen och iwwert Zoustänn, an deenen esou „Dublin-Fäll“ wunne mussen, a wat déi stänneg Onsécherheet mat de Mënsche mécht.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Dublin-Verfahren: Wohin, wenn das Asyl verwehrt wird? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #288 – Déi langweileg Ried zur Lag vun der Natioun

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Premier Luc Frieden huet den Dënschden seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun an der Chamber gehalen. Déi Ried war net besonnesch spannend, huet de Joël Adami fonnt, am Podcast schwätzt hie mam Tessie Jakobs doriwwer, wourunner dat geleeën huet. Si diskutéieren och doriwwer, wéi d’Riedner*innen vun der Majoritéit an der Oppositioun an hire Reaktiounen op dem Premier säin Discours sech gemaach hunn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Rede zur Lage der Nation: Visionslos

 

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #287 – Migratiounspolitik am EU-Walkampf

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi eng Parteie gesi Migrant*innen als Risiko fir d’Sécherheet, déi aner wëllen se als Aarbechtskräften an Europa gesinn, a just e puer setzen sech fir eng besser a méi mënschlech Asylpolitik an. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat an de Walprogrammer fir d’EU-Wal steet a klären doriwwer op, wat fir falsch Fakten iwwert den EU-Migratiounspakt verbreet ginn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Asylpolitik in den Wahlprogrammen: Um Solidarität oder um Sicherheit bemüht?

 

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

80 Jahre D-Day: « Messieurs les Français, rentrez les premiers! »

Zum 80. Mal jährt sich heute die Landung alliierter Truppen in der Normandie. Damit wurde die Zerschlagung der deutschen Naziherrschaft über Europa endgültig eingeleitet. Die woxx war zum 60. Jahrestag dort – eine Reportage aus unserem Archiv.

Um 6.30 Uhr vor 80 Jahren, am Morgen des 6. Juni 1944, gingen in der Normandie die ersten Infanterietruppen der alliierten Streitkräfte an Land. Sie leiteten damit die endgültige Niederschlagung des Nationalsozialismus ein. Es war die größte militärische Operation kombinierter Land-, See- und Luftstreitkräfte, die bis dahin je unternommen worden war. Zehntausende Soldaten erstürmten insgesamt fünf Strandabschnitte und trafen dabei teils auf heftige deutsche Gegenwehr. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #286 – Ëmmer nach Neiland – Digitalpolitik vun de Lëtzebuerger Parteien

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Digitaliséierung, Kënschtlech Intelligenz a Quantecomputer – d’Lëtzebuerger Parteie werfen an hire Walprogrammer fir d’Europawale vum 9. Juni gäre mat Schlagwierder ronderëm sech. Dacks kritt een awer d’Gefill, et wier net vill méi dohannert. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert Grënn, wisou Digitaliséierung nach ëmmer esou ee schwieregt Thema fir d’Parteien ass an erkläert, wou et dach awer e puer interessant Iddie gëtt.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Digitalpolitik: Wen würden Computer wählen?

 

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #39 Um Canapé mat der Furiosa

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami waren an de Kino an hunn den neisten Deel vum „Mad Max“-Franchise gekuckt.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami diskutéiere Furiosa, den neiste Film aus dem „Mad Max“-Franchise. Si stellen sech d’Fro, ob et sech lount, an een IMAX-Kinosall ze goen a vergläiche Furiosa mat Fury Road, mat deenen ale Mad Max Filmer, an deenen erstaunlech vill Coiffeure virkomm sinn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android. Opgronn vun technesche Problemer ass dësen Episod bis op weideres just op eisem Site ze fannen.

D‘woxx-Rezensioun vun „Furiosa: A Mad Max Saga“. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #285 – Wéi eng Sozialpolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Bei der EU denke vill Leit un de fräie Marché, Agrarsubventiounen oder nach den Euro. Gemeinsam sozialpolitesch Reegele wéi de Mindestloun kommen engem meeschtens net direkt an de Kapp. An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wat d’EU op sozialem Plang iwwerhaapt matschwätze kann, a wéi eng sozialpolitesch Iddien déi lëtzebuergesch Parteien am Europawalkampf präsentéieren.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:

Élections européennes : Le social, parent pauvre de l’UE
Élections européennes : Ce qu’en disent les partis luxembourgeois

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #284 – Wéi eng Klimapolitik wëllen d’Lëtzebuerger Parteie fir d’EU?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Klimakris gëtt virun allem op europäeschen Niveau bekämpft: Hei ginn zesummen d’Ziler ausgemaach an och vun der EU kënnt d’Verpflichtung fir een nationalen Energie- a Klimaplang. Mä wéi gesinn déi 13 Parteien, déi zu Lëtzebuerg bei den EU-Walen untrieden, d’Klimapolitik? De Joël Adami huet sech d’Walprogrammer duerchgelies an erzielt am Podcast, wou et geféierlech Positioune ginn, wat fir Parteien eng méi systemesch Approche hunn a wou hie positiv wéi negativ iwwerrascht ginn ass.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

EU-Wahlprogramme: Welcher Klimaschutz in der EU? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #283 – Wien sinn déi vergiessen Affer vum NS-Regime?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätze mir am Podcast iwwert d’Ausstellung „Vergessene Opfer des NS-Regimes in Luxemburg“ vum Escher Musée national de la résistance et des droits humains. D’Maria Elazora war sech d’Expo fir d’woxx ukucken an erkläert am Podcast, wien déi vergiessen Affergruppe waren. Si schwätzt mam Joël Adami doriwwer, wéi gutt de Musée et fäerdeg bréngt, déi komplizéiert a schwiereg Geschicht anschaulech ze erklären.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:

Luxemburgs vergessene Opfer: Die Erinnerung neu bestimmen

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #282 – 30 Joer nom Genozid am Ruanda – Wat sinn d’Léieren aus dem Prozess?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

No enger Artikelserie vu véier Artikele kucke mir haut nach eng Kéier op de Genozid am Ruanda an de Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda. De Fabien Grasser erkläert, wat mam Bagosora geschitt ass a wat fir Lektiounen aus dem ganze Prozess gezu goufen. No an no sinn awer och weider Detailer opgetaucht, déi zum Beispill Frankräich ganz staark implizéiert hunn.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Génocide des Tutsi-es au Rwanda en 1994 (1/4) : Les racines du mal
Génocide des Tutsi·es au Rwanda en 1994 (2/4) : « Je rentre à Kigali pour préparer l’Apocalypse »
Génocide des Tuts·ies au Rwanda en 1994 (3/4): Tué·es pour le crime d’être né·es
Génocide des Tutsi·es au Rwanda en 1994 (4/4) : Ce que le mot génocide ne dit pas

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #281 – Eng lëtzebuergesch Traditioun: Iwwert den Tram streiden

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et gesäit esou aus, wéi wann sech dMobilitéitspolitik vun der aktueller Regierung an eng Richtung entwéckele géif, déi sech dach awer vun där vireger ënnerscheet. Dat léisst sech um Beispill vum Tram an den Diskussiounen ëm eng Ofkierzung duerch dAvenue de la PorteNeuve besonnesch gutt illustréieren. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi et dozou komm ass a wéi grouss déi Ënnerscheeder dann tatsächlech sinn.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Öffentlicher Transport: Tamtam um Tram

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #280 – Wéi geféierlech ass Cattenom?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et ass net grad beléift zu Lëtzebuerg, dAtomkraaftwierk just hannert der Grenz a Frankräich. Geschwë ginn déi véier Reaktoren, déi do Stroum produzéieren, 40 Joer al. Dat bedeit: Si sinn eigentlech um Enn vun hirer ursprénglech virgesinnener Lafzäit ukomm. Ee Rapport, dee vu Greenpeace an Optrag ginn ass, kënnt zu der Conclusioun, datt et net méiglech ass, dSécherheet op deen haitegen Standard ze hiewen. Am Podcast schwätzt de Joël Adami mam Maria Elorza doriwwer, wisou dat esou ass a wat dat mat Fligeren a Piscinnen ze dinn huet.

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #279 – 30 Joer nom Genozid am Ruanda

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

De Genozid un den Tutsien am Ruanda gëtt dësen Abrëll 30 Joer al. D’woxx huet zu deem Ulass eng Artikelserie vu véier Artikelen zum Thema geplangt. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et dozou komm ass, a wisou de Fokus um Prozess géint den Théoneste Bagosora virum Tribunal pénal international pour le Rwanda läit, deen als Hannermann vum Genozid gëllt. Ausserdeem geet et ëm d’Wuerzele vum Konflikt, déi enzwousch aneschters leien, wéi et dacks gezielt gëtt.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Génocide des Tutsi-es au Rwanda en 1994 (1/4) : Les racines du mal

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #277 – Wéi kanadesch Firme mat Hëllef vu Lëtzebuerg 80 Milliarde Steiere gespuert hunn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et gëtt wuel kaum eng Persoun zu Lëtzebuerg, déi 1.000 Euro am Mount beim Burgerking ausgëtt. An dach misst all Awunner*in hei am Land esou vill ausginn, wann d’Profitter, déi d’Firma hei mécht, reell wieren. A Wierklechkeet handelt et sech ëm ee Steiertrick. Am Podcast erkläre mir, wéi dee funktionéiert – a wisou sech näischt ännert.

Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:

Fiscalité internationale : Multinationales et impôts : « La filière canadienne »
Évasion fiscale : « Il y a un sentiment d’impunité, presque d’arrogance »

 

 

 De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #38 Dem Isabel Spigarelli seng lescht Folleg

Dëse Freiden ass dem Isabel Spigarelli säi leschten Aarbeschtsdag bei der woxx. Mir hu profitéiert, fir an der neister Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ mat eiser geschätzter Kolleegin iwwer hier Erfahrungen als Coordinatrice vum Kulturressort ze schwätzen.

Während 5 Joer war d’Isabel Spigarelli Member vun der woxx-Redaktioun an dovu 4 Joer laang Coordinatrice vun eise kulturellen Inhalter. Eier d’Isabel ab Abrëll säin neie Posten beim Tageblatt untrëtt, hu mer mat him eng e bësse méi ongewéinlech Folleg vun „Um Canapé mat der woxx“ opgeholl. Wéi huet sech d’Kulturszen zu Letzebuerg an der Tëschenzäit verännert? Op wéieen Artikel ass d’Isabel besonnesch stolz? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #276 – Wisou d’Diskussioun iwwer Iwwergewiicht zu Lëtzebuerg falsch leeft

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der Chamber gouf et dës Woch eng Debatt iwwert Obesitéit, déi leider zimmlech vill Theme vermëscht huet a vill enttäuschend Argumenter ervir bruecht huet. Am Podcast erkläert dTessie Jakobs, wisou déi Diskussioun grondleeënd aneschters misst gefouert ginn a wisou et kee konkret Resultat gouf. Donieft ass och Thema, wat dPolitik kéint maachen, wa se sech wierklech géif ëm dGesondheet vun décke Leit këmmeren.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Fettleibigkeit: Einmal Eigenheim mit Garten, bitte!  mehr lesen / lire plus